Baugeneemegungen am SIGINOVA

Accueil - Baugeneemegungen am SIGINOVA
Collaboration | Projets client | Uncategorized

Baugeneemegungen am SIGINOVA

Zu Wäiswampech lafen zukünfteg d’Prozedure fir d’Baugeneemegungen iwwer déi nei innovativ Léisung vum SIGI.

Nodeems am Mäerz dëst Joer déi offiziell Presentatioun vum SIGINOVA, der neier Solutioun fir déi kommunal Gestioun stattfonnt hat, konnt de SIGI den 30. Juni 2020 den éischte Service vum Gescom-Nofollger an enger Gemeng ëmsetzen.

Moosgeschneidert a kollaborativ

De Prozess ass dobai a ganz enker Zesummenaarbecht mat den Equippen an der Gemeng definéiert ginn, sou dass de Service moosgeschneidert op hir spezifesch Besoine gemaach konnt ginn. D’Experte vum SIGI hunn dësen Oflaf begleet a mat hirer Erfarung derzou bäigedroen, dass SIGINOVA der Gemeng eng reell Plus-value bitt.

E besonnesche Fokus ass dobäi op „User experience“ geluecht ginn, dat heescht dass de Mataarbechter, deen un enger Baugeneemegung schafft, ganz intuitiv duerch de Prozess geleet gëtt. SIGINOVA ass esou konzipéiert, dass all Etappe vun enger Prozedur verständlech duergestallt ass, an de Benotzer op der Gemeng op ee Bléck gesäit, wou d’Demande drun ass.

E weidere Virdeel vum Service „Autorisation de bâtir“ ass d’Méiglechkeet, fir de Prozess innerhalb vun der Gemeng mat verschiddenen Equippen ze deelen. Esou kënnen d’Recette oder de Service technique fir spezifesch Aufgaben erugezu ginn. An och extern Strukture kënnen an de Flux vun den Informatiounen agebonne ginn, z.B. fir Pläng oder Rapporten direkt an de Service eropzelueden.

Innovatioun mat der Blockchain

Eng grouss Neierung kënnt och beim „Roude Punkt“, also d’Attestatioun vun der Baugeneemegung, déi de Bauhär muss um Chantier affichéieren. Soubal dës Dokument vum Buergermeeschter ënnerschriwwen ass, kann et an déi national Blockchain eropgeluede ginn. Duerch de QR-Code, deen um Dokument drop ass, kann all Bierger sech vergewësseren, dass d’Dokument authentesch ass. Fir dat ze maachen, gëtt de Code mat der mobiller App „GouvCheck“ gescannt, an et kritt een direkt eng Bestätegung op de Smartphone. Dës Animatioun weist iech, wéi dat am Detail funktionéiert.

 

Erfarungsbericht vum Gilles Radrizzi

 

Nieft dem Service „Autorisation de bâtir » schaffen d’Equipë vum SIGI un den nächste Servicer, déi am SIGINOVA entstinn.

Méi Informatiounen an Temoignagen fannt der op eiser Saït zum SIGINOVA.