Entwécklung vun de Métiers Solutiounen am SIGINOVA
Och wann am Ablack déi meescht Gemengen nach mam Gescom schaffen, sinn eis Equippe mat Héichdrock amgaangen déi verschiddene Métier-Solutiounen am SIGINOVA ze entwéckelen. Eis Iwwersiicht gëtt Iech en Iwwerbléck iwwert déi eenzel Servicer a Produiten déi elo schonn an enger Rei Gemenge genotzt ginn.
Verschidden Etappe vun engem SIGINOVA Produit/Service:
- An Interviewen a Conseil technique gëtt a ganz enker Zesummenaarbecht mat den Equippen an der Gemeng de Métiersprozess definéiert an déi verschidde Besoine festgehalen. Hei gëtt de Produit/ Service mat eenzele Pilot Gemengen (CP) entwéckelt.
- Uschléissend un d’Entwécklung vum Produit/Service, kréien déi verschidde Gemengen dësen an engem User Acceptance Test (UAT) Environnement zur Verfügung gestalltfir ze testen.
- Nodeems d’Gemeng hiren Accord ginn huet, geet d’Solutioun an den Déploiement an d’Gemeng schafft mat hire live Donnéeën am SIGINOVA.
- Soubal e Produit/Service am Déploiement ass, kënnen all d’Gemengen dësen ufroen a notzen.
Ass Är Gemeng drun interesséiert bei engem SIGINOVA Produit/Service als Pilot Gemeng deelzehuelen oder eng vun den entwéckelte Solutiounen ze notzen? Kontaktéiert de SIGI einfach per Mail op siginova@sigi.lu.
Iwwersiicht vun den SIGINOVA Métiers Solutiounen an de Gemengen
Communes Pilotes (CP): de Produit/Service gëtt aktuell zesumme mat Pilot Gemengen entwéckelt
Test d’utilisation en communes (UAT): de Produit/Service gëtt a verschiddene Gemengen an engem Test Environnement (UAT) genotzt
Déploiement en communes: de Produit/Service ka vun de Gemenge genotzt ginn
(x*): Unzuel Gemengen an deenen de Produit/Service am Asatz ass